Eis Theaterstéck 2022

Eng mäerderesch
Wäin-Degustatioun

Sprëtzeg op der Zong, toxisch am Ofgang

Ëm wat geet ët?
D’Wäinhändlerin Maggy Spillmann, déi mat Etiketteschwindel a gepanschtem Wäin ee Verméigen gemaach huet, organiséiert een opulente Wäin-Weekend fir hir ganz räich an och dubiös Frënn. Mat derbäi ass och dem Maggy säi Meedchen Cindy, Medezinsstudentin an iwwerzeegten Anti-Alkoholikerin, di virwëtzeg Haushälterin Adelina Musto an dem Maggy seng nei Sekretärin Gerty Weber. Wéi den Owend mat enger „dégustatioun à l’aveugle“ ufänkt, fält deen éischte Gaascht vun der illusterer Gesellschaft dout ëm. Soll ët bei dësem eenzegen Doudesfall bleiwen? Kann de Kommissär Joé Poiré de Mäerder entlarven? Sécher ass nëmmen eppes: Éischtens et kënnt anescht, an zweetens wéi een denkt!

Et spillen:
Astrid Bernard-Wester (Maggy Spillmann, d’Patronn vum Wäinhandel) / Mireille Wahl-Schaus (Cindy Spillmann, Duechter vum Maggy) / Jacky Kleren-Conradt (Adelina Musto, d’Haushälterin) / Romaine Linden (Gerty Weber, d’Sekretärin) / Raymond Kimmes (Willy Eppstein, de Gärtner) / Heng Schitter (Aloyse Kohn, ee räiche Groussindustriellen) / Mireille Polfer (Consti Lichtfuuss, d’Politiker Fra) / Armand Goldschmit (Pater Frédéric, Responsable vu Kannerheemer) / Rol Schaus (Karel Rudi Spëtzer (Star-Affekot) / Viviane Eresch-Stracks (dem Karel seng Fra) / Christian Loewen (Joé Poiré, Chef-Kommissär).

Regie & Assistenz :
Arsène Bernard & Marianne Moutschen-Reitz

Bühnebauer:
Félix Eresch, Martin Krank, Raymond Scheid

Technik:
Heng Kleren

Wéini?
Freides den 25.11.2022 um 20.00 Auer
Samschdes den 26.11.2022 um 20.00 Auer
Sonndes den 27.11.2022 um 17.00 Auer (SOLD OUT), duerno ass Kéisbuffet (muss een reserveren) & Wäin-Degustatioun (ass gratis a fir jiddfereen)
Freides den 2.12.2022 um 20.00 Auer
Samschdes, den 3.12.2022 um 20.00 Auer

Wou?
Am Festsaal vum Home St Hubert
zu L-4732 Pétange, rue de l’Eglise n° 52

Wat eng flott Equipp!