Online Reservatiounen

Hei kënn der är Plaatzen fir eist Theaterstéck

Eng mäerderesch Wäin-Degustatioun

online reservéieren.

D‘Online-Reservatioun geet ganz einfach : Sicht Iech är Plaatz(en) eraus, tippt äre Numm a Virnumm an di respektiv Case, respektiv är Email-Address an validéiert äre Choix.
Fir dass d’Reservatioun gülteg gëtt muss der är Plaatzen via Kreditkaart bezuelen, da kritt der är Ticks via Email geschéckt. Ass dat net de Fall ginn se automatesch nees fräi geschallt.
Bleiwt nach ze soen, dass tëschent der 1. an der 2. Rei, der 3. an der 4. Rei, asw. … wéi gewinnt eng Rei Dëscher stinn.

Fir d’Kannerreduktioun muss een ee Coupon Code ufroen an dësen an di respektiv Case antippen. Einfach een SMS un den 691 460 084 schécken, da kritt der nach deeselwechten Dag de Code geschéckt an dir kënnt är Plaatzen buchen.

Selbstverständlech kënn Dir är Plaatzen och iwwert
d‘Telefonsnummer 691 460 084, zwëschen 17.00 an 20.00 Auer,
reservéieren, respektiv iwwer WhatsApp an SMS.
Är Ticks leien owens an der Kees, wou Dir se kënnt wéi gewinnt Cash oder mat Digicash bezuelen.

D’Virstellunge sinn am Festsall vum Home St Hubert zu Péiteng, an zwar:

Freides den 25.11.2022 um 20.00 Auer – Ticket 15€ (Kanner bis 12 Joer 6€)

Samschdes den 26.11.2022 um 20.00 Auer – Ticket 15€ (Kanner bis 12 Joer 6€)

Sonndes den 27.11.2022 um 17.00 Auer (SOLD OUT) – Ticket 15 (Kanner bis 12 Joer 6€)
Duerno géint 20.00 Auer ass Kéisowend (15€), awer nëmmen op Reservatioun (Bezuelung an der Owenskees), an wéi kéint et aanescht sinn eng Wäin-Degustatioun (ass gratis an op fir jiddfereen)

Freides den 2.12.2022 um 20.00 Auer – Ticket 15€ (Kanner bis 12 Joer 6€)

Samschdes den 3.12.2022 um 20.00 Auer – Ticket 15€ (Kanner bis 12 Joer 6€)

Mir freeën eis Iech op engen vun eisen Theatervirstellungen ze gesinn a wënsche vill Spaass. Dir braucht Iech net ze wonneren, wann är Laachmuskelen ferm strapazéiert ginn, a vläicht mat Momenter richteg wéi dinn. Esou war et schonn ëmmer am Home zu Péiteng, esou ass ët och nach haut. An dës Kéier gëtt et mat Momenter och nach onheemlech a spannend. Kommt kucken, well et lount sech!

Pseudo-Bild
date_range
26/11/2022 - 20:00 to 23:00
location_on_outline
52 Rue de l'Eglise, 4732 Pétange
113 / 150
Pseudo-Bild
date_range
27/11/2022 - 17:00 to 20:00
location_on_outline
52 Rue de l'Eglise, 4732 Pétange
132 / 150
Pseudo-Bild
date_range
02/12/2022 - 20:00 to 23:00
location_on_outline
52 Rue de l'Eglise, 4732 Pétange
112 / 150
Pseudo-Bild
date_range
03/12/2022 - 20:00 to 23:00
location_on_outline
52 Rue de l'Eglise, 4732 Pétange
99 / 150
COPYRIGHT