Theaterfrënn vum Home Péiteng

Wien si mir?

Jorzéngte laang ass all Joer an de Wanterméint am Home Theater gespillt ginn, wat bei ville Péitenger Leit ëmmer gutt ukomm ass. Si hunn sech Jor fir Jor gefreet op hir Theatervirstellungen am Home, gespillt vun de Scouten, der JEC, der lokaler Entente, de Gesangsveräiner, der Musek, … Mee lues a lues ass dës schéin Traditioun verschwonnen.

Wéi dunn den Home St Hubert vu Péiteng virun en ettlech Joren mat Hëllef vun der Gemeng komplett renovéiert ginn ass, do gouf tëschent der Bühn an der Crèche ee Schminksall gebaut, mat Toilett fir Männer an eng fir Fraen, mat Lavabo an Dusch, fir de Fall wou nees géif Theater gespillt ginn, huet et deemools an der Gemeng geheescht.

Am Joer 2013 soutz ee Grupp Péitenger am Home zesummen, huet sech beim Patt un di schéin al Zäiten erënnert déi si an hir Elteren am Home verbruecht haten, an do gouf d’Iddi gebuer di schéin al Theatertraditioun nees opbléien ze loossen. „Komm mär spille nees Theater am Home!“, ware si sech eens, d’Theaterfrënn vum Home, wéi sech spontan genannt hunn. An esou ass dunn, genee wéi an de gudden aalen Zäiten, nees Liewen op d’Brieder vun der Bün komm, an d’EOC konnt sech freeën dass elo nees, genee wéi fréier Theater zu Péiteng am Home gespillt gëtt.

Jo, säit 2013 gouf all Joer Enn November/Ufanks Dezember mat vill Erfolleg ee lëschtegt lëtzebuerger Theaterstéck produzéiert , ausser am Joer 2020 wou wéinst dem COVID keen Theater am Home gespillt konnt ginn.

D‘Theaterfrënn vum Péitenger Home loossen eng schéin al Traditioun nees opliewen getrei dem Motto: „Esou war bei eis et schonns fréier, esou ass et bei eis och nach haut.“

Kommt eis kucken, well et lount sech!

Péitenger Home
Péitenger Home