Maskebal um Camping

Kaméidistéck an dräi Akten vum
Beate Irmisch
Titel vum Original: „Maskenball am Campingplatz“
iwwersat an adaptéiert vum Tom Majerus
Reservatiounen online : www. theaterfrennpeiteng.lu
oder iwwer Handy 621 235 346 (whatsapp/sms)
vun 16:00 – 20:00 Auer
ab dem 20. September 2026
Entrée: 15 €
Ëm wat geet et :
All Joers am Summer treffen sech d’Familljen Pëtzmech, Grimmel a Frellepelz zum Dauercamping um klenge Stauséi zu Ënnerdompegkill. Trei no hierer Devis ,,an der Vakanz wéi doheem’’, logéieren di Herrschaften an hiere prächtege Roulotten schonn zënter Joeren op deene beschte Plazen vum Camping Moukewiss. E klenge Virgärtchen mat Blummen an eng Satelitteschossel um Daach däerf natierlech net feelen.
Ausser klengen neidege Stëpplereien verstinn di dräi Koppelen sech nawell ganz gutt.
Bis enges schéine Mueren en ale raschtegen a rabbelege Camper hinnen d’Vue op hiere geléifte Séi verspäert. Domat net genuch, wëll dach dee neie Piechter vum Camping een Deel vun der Plage beim Séi als textilfräi Zone déclaréieren.
Domat sinn di Dammen Pëtzmech, Grimmel a Frellepelz awer ganz a guer net averstanen, am Géigesaz zu hiren ,holde Göttergatten’, déi nawell gäeren ee Bléck oder zwee op dës speziell Plage geheie wéilten. Wat Mann wëll, a Fra verbitt, féiert dacks zu turbulenten an heiansdo delikaten Szenen a Verwécklungen. Kee Wonner, wann dann Munchereen oder Munchereent anstänneg an d’Fettnäpfchen trëppelt.
Mir spillen:
Freides, den 27. November 2026 um 20:00 Auer
Samschdes, den 28. November 2026 um 20:00 Auer
Sonndes, den 29. November 202 um 17:00 Auer
Freides, den 4. Dezember 2026 um 20:00 Auer
Samschdes, den 5. Dezember 2026 um 20:00 Auer
Sonndes, den 6. Dezember 2026 um 17:00 Auer
Ët spillen:
Astrid Bernard, Jacky Kleren, Mireille Schaus, Mireille Polfer, Romaine Linden, Martine Schaus, Suzette Schneider, Claude Humbert, Roland Schaus, Heng Schitter an Sylvain Rossi
Regie: Arsène Bernard
Technik: Heng Kleren
Bünebild: Martin Krank, Sylvain Rossi a Pierrat Pascal
Pësperkëscht: Nancy Schitter
