Eist next Theaterstéck

Di dräi Häre vun Zëmmer 13

Reservatiounen iwwert eise Site www.theaterfrennpeiteng.lu oder iwwer d’Telefonsnummer 621 380 228 ; Whatsapp an SMS 
ab dem 19. September 2024

Entrée: 15 €

Ëm wat geet et :

Wat wär, wann een sech am Spidol esou richteg wuel a gutt opgehuewe fillt, datt ee guer net méi wëll heemgoen. Op der U7, der Urologie beim Dokter Blos, hunn sech dräi Hären gesicht a fonnt. De Willi Meier, Charel Becker an Erny Knoppes. Ënnerschiddlecher kéinten di dräi Hären guer net sinn, an dach ergänzen si sech perfekt.

Wahrscheinlech ass d’Ursaach doranner ze sichen, datt de Willi bei sénger Fra Margot ferm ënnert der Schlapp steet, an de Jemp vu sénger dominanter Mamm dermoosse gedierängelt gëtt. De Charel dogéint ass en 100prozentege Jonggesell a wëll et och bleiwen. Wär do net séng Laangzäitverlobten Thillybilli, wat onbedingt ënnert d’Hauf wëllt kommen.

Eigentlech sinn di Hären sou gesond a monter, datt si ouni Weideres entlooss kéinte ginn. Awer dogéint wieren si sech mat Hänn a mat Féiss. Si erfannen esouguer Krankheeten, déi et guer net gëtt, nëmme fir op hirer Wuelfillstatioun ze bleiwen.